Adoption d'un animal

 

Arnaque bei Adoptioun vun Déieren aus dem Ausland:

Et geet dobäi ëm Leit, déi iwert den Internet proposéiert kréien Déieren aus dem Ausland mam Flieger op Lëtzebuerg zur Adoptioun bruecht ze kréien.

An deene Fäll wou eis bekannt sin war dat jeweils aus Frankräich.

D’Leit kréien virgegaukelt dat wär gratis an géing iwert eng professionel Transportfirma oflafen.

An dësem Fall z.B. https://www.allianztrasportanimalier.com/

Déi Firma ass awer nët als Opérateur am TRACES gemellt, dat heescht se dierfen iwerhapt net Déieren kommerziel transportéieren an ech denken dass et déi iwerhapt guer net gët.

Wann den Dag vum Transport dann bis do ass, dann heescht et opeemol irgendwelch Fraiën wären fälleg.

D’Leit gin dann ënner Drock gesat mat Aussoën wéi: “D’Déier ass vun der Douane blockéiert. Wann Dir déi X Euro nët bezuehlt muss d’Déier um Flughafen an Quarantaine“ oder ähnlech.

Natierlech Alles grousse Quatsch.

An deem aktuellen Fall huet et geheescht d’Madame misst elo X Euro bezuehlen fir d’Tollwut-Impfung soss misst d’Déier a Quarantaine.

Se wollten dann och net mat Suen bezuehlt gin mee mat esou Internet-Bongen (Genre Amazon-Kaart oder ähnlech). Fir dass och nëmme kéng Traçabilitéit besteet.

D’Madame krut och ee Video vum « embarquement » geschéckt. Eng einfach Analyse vun den „Properties“ am Windows vum Video deit awer drop hin dass dee Video mindestens schon 10 Deeg aal ass. Also och eng Arnaque.